Fiche détail

Mir Kréie Besuch (Théatre)
http://www.dentheater.lu
Kaméidistéck vum David PHARAO (Originaltitel “L'invité”).

An d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Claude Fritz.

Produktioun : DenTheater.lu.

Den iwwergléckleche Gérard, scho jorelaang ouni Arbecht, schengt endlech rem en neien Job an Aussicht ze hunn. Do gëtt et nach just eng läscht Aufgab ze meeschteren: En Owesiessen mat sengem zukünftege Chef beim Gérard an senger Fra Colette doheem. An dat schon deen aneren Dag.

Fir sech nämlech gläich beléift ze man bei sengem neie Patron hat de Gérard akzeptéiert hie bei sech heem ze invitéieren. Eng schrecklech Iddi. Well lo fänkt d’Colette un a Panik ze geroden. Hatt fillt sech sou enger Saach iwwerhaapt net gewuess. Hat kann net kachen, huet keen neit Gezei a war zënter Méint net méi beim Coiffeur. A wéi ass et mam Gérard senge Manéieren, senger Allgemengbildung? Muss d'Wunneng net op Héichglanz bruecht ginn?
Gottseidank ginn de Gérard an d’Colette vun hirem Noper Alexandre, deen sech an sou Problemer auskennt, “gecoacht” fir fit ze sinn wann den héige Besuch kënnt.

Wéi charmant muss d’Colette sinn, wéi fei muss de Menü sinn deen zerwéiert gëtt, a wéi soll de Gérard sech deen Owend behuelen?

Alles geet drënner an driwwer an d’Virbereedungen op dee wichtege Moment lafen alles wéi net perfekt. Et ensteet Chaos an d’Spannung gëtt ëmmer méi grouss bis et dann un der Diir schellt an de Besuch do ass.

Wie wëllt laachen, dee soll sech d’Stéck vum David PHARAO, dat bei de Molières 2004 véier Nominatioune kritt hat an erfollegräich mam Valérie LEMERCIER, dem Daniel AUTEUIL, dem Thierry L'HERMITTE a mam Hippolythe GIRARDOT verfilmt gouf, ukucke gon.

Biljeeën:

Tél: (+352) 47 08 95 -1
Luxembourgticket.lu
10.05.2008 @ 20:00
Théâtre des Capucins
LUXEMBOURG